Glaich as Summer!
D'Wantersaison as oofgeschloss, am Moment maache mer eng kleng kreativ Paus an Enn Mee geet et da rem weider. Lass geet et mat enger Beach Party am Choco an dono geet et da vive op d'Schëff: Päischtcroisière 2012! De Rescht vu eisem Summerprogramm steet och schon an eisem Agenda. Hoffen mir gesin eis deemnächst :-)
Schatzi 2012

Nom Schatzi-Wahsinn vun de läschten 12 Méint gët et dann lo eppes neies: Pünktlech fir d'Fuesend kënnt eng lëschteg Fues/Après Ski Version vu "Schatzi, schenk mir eng Foto" eraus! Tööörööö! Ze kaafen get et daat wéi emmer op iTunes.
Paischtcroisière 2012
Mir freen eis och 2012 nees op der Paischtcroisière mat dobai ze sin! Wou et genau hin geet a wien nach alles mat u Bord as steet op desem leschtege Site. Oder bucht direkt bei Neptun Cruises :-)
Songtext "Schatzi"
Op villfach Nofroo hin hu mer elo endlech den Text vu "Schatzi schenk mir eng Foto" als PDF online gesaat. Ennert der Rubrik "Audio" kennt der iech en eroofluden. Vill Spass beim sangen :-)
Am Stall @ Fouer
Merci deene ville Leit déi all Daag am STALL waren a fir déi absolut genial Stëmmung gesuergt hun! Daat war einfach nëmmen TOP!!! Merci och un d'Hüttenrocker an all d'Kenschtler déi do waren: Tim Toupet, Loona, Käptn Ända a Matrous K1000. An net ze vergiessen de Laurent an de ganze Staff vum Stall. Mir freen eis op 2012 ;-)
"Umverliebt" op der Ballermann Hits 2011

"Umverliebt", dem Hoffi sain 2. Titel zesummen mam Mickie Krause, huet et dëse Summer op den Nummer 1 Sampler am Beraich Partymusek gepackt! Gäckeg, oder? D'Ballermann Hits 2011 as als CD an Download seit dem 1. Juli iwerall erhältlech.
"Schatzi" op Nummer 1 an den Charts
Elo ass et offiziel!!! Mickie Krause feat. Hoffi - "Schatzi schenk mir eng Foto" as de Fueshit 2011. Nummer 1 an der Hitmaschinn vun RTL / iTunes Charts!!! Wéi gäckeg as daat dann? Merci, Merci, Merci!!! :-)
Hoffi & Zambezi am Nikis Stadl (Ischgl)
No eisem éischten Optrëtt am Nikis Stadl zu Ischgl Enn Dezember 2009 war desen Artikel an der Kronenzeitung: "Ramba Zamba im Stadl" (Op d'Bild klicken fir ze vergréisseren)